E puer Hobbien an Interessegbidder

Fléien

Ech wollt schon mäin ganzt Liewen lang fléien goen, leider hun mir bis elo d'Suen gefehlt fir de Piloteschäin ze machen. Duerfir hun ech mech bis elo mat Computer-Simulatoren begnügt. Wann ech Zäit a Geld hätt kéint ech dat mat der ULM-Lizenz duerchzéien. Hei e puer intressant Linken zur Fligerei.

Tauchen

Mam Tauchsport hat ech an der Dominikanischer Republik ugefangen wou ech een POW (Padi-Open-Water-Diver) gemach hun. Am Moment sin ech Member am Dikrecher Tauchclub Octopus.

Musik

Sin zwar keen super Trompettist mais sin Aktiven Member an der Grosbousser an an der Dauler Musik. Spillen am Moment ob enger Selmer Concept TT. Hat des bei Musik Bertram zu Freiburg kaft.

Fotografie

Och een relativ jonken Hobby. Hat mir am Joer 2006 eng kompakt Exilim Z-1000 mat engem Ennerwassergehais kaft. 2007 hun ech gemengt et misst eng Spigelreflex hir, hun mir dun deen neien Modell vun Olympus den E-410 zougeluecht. Sin mat deenen zwee Aparater total zefridden.